Reservatioun :
Reservatioune kënnen iwwer Telefon, Fax oder E-Mail gemaach ginn.
D'Mindestlocatiounszäit ausserhalb der Saison ass 3 Nuechte, an der Saison ass dëst 7 Nuechte.
Verbueter:
• Hausdéiere si just an den T67, A70 an IT734 Modellen erlaabt. 
• Et ass net erlaabt am Camper ze fëmmen.
• Et ass net erlaabt d'Gasfläschen am Ausland auszetauschen.
Oofhuelen a Zréckbrengen vum Gefier:
• De Camper ass no 14:00 Auer op Rendezvous verfügbar (Explicatiounen +/- 30 min).
• De Retour muss tëscht 8 Auer an 10 Auer um leschten Dag vum Locatioun stattfannen.
Am Fall vun engem Retard, berechnen mir 50,- € d'Stonn.
• D'Oofhuelen an d'Zréckbrenge vum Camper ass nëmme vu Méindes bis Freides méiglech (d'Oofhuelen a d'Zréckbrengen ass net méiglech op Feierdeeg).
• D'Gefier muss an engem propperen Zoustand zréckbruecht ginn.
Weider Informatiounen:
• De Camper gëtt mat engem vollen Dieseltank zréckbruecht gin a muss op der Esso Tankstelle zu Heiderscheid (Fuussekaul) gefëllt ginn.
• Mir behaalen ons d'Recht d'Gefier ze änneren wann et néideg ass (zB am Fall vu Schued, Pann an anerem).
• Am Fall vun enger Pann am Ausland, braucht Dir eisen Accord fir d'Reparatur vun aller Aart (Fiat-Assistance méiglech).
• De Locataire ass verantwortlech fir all Iwwerschratt vum zoulässechem Gesamtgewiicht (Gefierdokumenter) wéi och fir all Strofe a Konsequenzen, déi doraus resultéieren.
• Onlimitéiert Kilometer
• Locatioun méiglech am Wanter
• All eis Autoe ginn no 2 Joer ersat.

2. Ausstattung :
Kategorie * a Kategorie **:
• Turbo Dieselmotor 130-180 PS, Klimaanlag, 220 V Stroumkabel, Waasserschlauch, Geschier, Gasheizung, Boiler fir waarmt Waasser, Waassertank, Marquise, Fernseh an automatesch Antenne, Porte-vélo, Réckfuerkamera an Navigatiounssystem.
Ausrüstung Kategorie ***:
• Zousätzlech Solaranlag
Automatesch Boîte:
Campster, T68, T69L XV, IT734, I68
 
3. Präis :
De Präis gëtt pro Nuecht an ofhängeg vun der Saison berechent (TVA mat abegraff).
Reservéierungsfraise:
• 55,- € Gasfläschen a chemescht Produkt fir Toilette abegraff.
Kautioun:
• Eng Kautioun vun 1000,- € (Cash oder Kreditkaart) muss virum Austrëtt bezuelt ginn.
D'Kautioun gëtt rembourséiert wann de Camper am Zoustand zréckbruecht gett wéi en oofgeholl gouf.
Endreinegung:
• De Camper muss an engem propperen Zoustand zréckbruecht ginn.
Wann d'Botzen vun eis duerchgefouert ginn muss, berechnen mir 100, - €.
• D'Wäschen vum Camper baussen gëtt vun eis gemaach.
• Den Ofwaassertank an d'Toilette musse eidel gemaach ginn, wann net, berechnen mir 150,- €.
 
4. Bezuelung :
No Confirmatioun ass en Acompte vu 25% vum Gesamtbetrag ze bezuelen.
De reschtleche Betrag muss 30 Deeg virum Depart bezuelt ginn.
Bezuelung ka mat boer, mat der Kaart oder per Bankiwwerweisung gemaach ginn.    
 
5. Récktrett :
vun 29 bis 22 Deeg virum Depart: 25% vum Betrag
vun 21 bis 15 Deeg virum Depart: 50% vum Betrag
vun 14 bis 1 Dag virum Depart: 85% vum Betrag
bei net optrett: 100% vum Betrag

6. Versécherung :
• De Camper gëtt vun enger vollstänneger Versécherung mat enger Franchise ofgedeckt.
• De Locataire muss de gelounte Camper op dem leschten Locatiounsdag op der Locatiounsadress zréckginn.
• Dem Locataire ass formell verbueden de Camper ouni zoustemmung vum Proprétaire ze abandonnéiren.
• Am Fall wou de Retour net méiglech ass (z.B. am Fall vu Schied, Pann an anerem), ass de Locataire verpflicht d'Gefier mat Hëllef vun engem Ofschleefdéngscht zréck ze bréngen.
De Loyer bleift ze bezuelen, bis de Camper bei de Besëtzer zréckbruecht gouf.
• Eng Zousätzlech Versécherung (Europa Assistance) kann beim ACL ugefrot ginn.
• Am Fall vun Déifstall duerch Abréch muss eng Plainte bei der Police agereecht gin an eng Kopie muss eis matbruecht gin.
• Perséinlech Géigenstänn sinn net Assuréiert.