Ausstattung:
Turbo-Diesel-Motor 130-150 PS, Klimaanlag Kabinn, Markise, Velosträger, Waarmwaasserboiler, Frëschwaassertank, Geschir, SAT-TV an Antenne.
Déi 4-Stäre Kategorie huet Solaranlag, Réckfahrkamera an Navigatioun zousätzlech.
Well d’Camper déi 3500 kg net iwwerschreiden, geet den Führerschäin B duer.

Reserveirungskäschten:
55,-€ Gasfläschen an chemischen Produit fir d’Toilett abegraff.

Reservatioun:
Reservatiounen kënnen per Telefon, Fax oder schrëftlech gemaach ginn.
No der Bestätegung ass en Acompte vun 25% vun der Gesamtzomme ze bezuelen.
Den Restbetrag muss 30 Deeg virun der Ofrees bezuelt ginn.
D’Mindestdauer vun der Locatioun ass ausserhalb vun der Saison 3 Nuechten, innerhalb der Saison ass déi, 7 Nuechten.
Mir behalen eis d’Recht fir, falls néideg, den Camper ze tauschen.
Hausdéieren sinn nëmmen ob Ufro erlaabt.
Et ass net erlaabt am Camper ze fëmmen.

Ofhuelen an zeréckbréngen vum Camper:
Den Camper ass ob rendez-vous ab 14h00 disponibel an muss den leschten Daach vun der Locatioun spéitstens fir 10h00 zréck sinn.
Den Camper muss entweder ob der Tankstell Aral Nidderfeelen oder Eschduerf vollgetankt ginn an muss an engem propperen Zoustand zeréckbruecht ginn.

Gas:
Et ass net erlaabt Gasfläschen am Ausland ze tauschen.

Kautioun:
Eng Kautioun vun 1000,-€ (Cash oder VISA-Kaart) ass fierun der Ofrees ze hannerloossen.
D’Kautioun get zreckbezuelt wann den Camper an dem Zoustand zreckbruecht get wéi en war wéi en ofgeholl gouf.

Reparaturen:
Am Fall vun enger Panne am Ausland, braucht dir eis Genehmegung fir all Aart vun Reparatur.

Versecherung:
Den Camper ass duerch eng All-Risk Versécherung ofgedeckt, mat enger Eegebedeelegung vun 1000,-€.
Den Lokatär muss den gelounten Camper den leschten Daach vun der Locatioun virun 10h00 ob eiser Geschäftsaddress ofginn.
Eng zousätzlech Versécherung (Europe-Assistance) kann beim ACL ugefrot ginn.
Am Fall vun engem Abroch muss eng Plainte bei der Police agereecht an eng Kopie dovun un eis weidergereecht ginn.
Perséinlech Wäertsaachen sinn net verséchert.

Kilometerstand:
Kilometer sinn onbegrenzt.

Endreinigung:
Den Camper muss an engem propperen Zoustand zeréckbruecht ginn.
Wann den Camper vun eis gebotzt ginn muss, berechnen mir 100,-€.
Den Ofwaassertank an d’Toilette mussen eidel gemaach ginn, wann net, berechnen mir och 100,-€.